Gesiicht

Middegkeet, Stress, Alter, Sonn an eis Liewensgewunnechten hannerloosse Spueren op der Haut. Duerch eng Essentiell Fleeg gëtt d’Haut revitaliséiert, d’Pore gebotzt a Fale reduzéiert.

Eis personaliséiert Gesiichtsfleege passe perfekt zu Äre Bedierfnisser!

  • Gesiichtsfleege vun 30-90 Minutten
  • Akne – Antiaging – Relaxatioun – reaktiv Haut – Peeling
  • Microbermabrasion
  • Zellenerneierung duerch Radiofrequenz (INDIBA Deep Beauty)
  • Mat abegraff ass d’Epilatioun vun den Aperhoer

Massagen

Réckwéi ass lästeg an ustrengend! Grënn fir Verspanunge ginn et vill (ze vill sëtzen, wéineg Schlof, Sport, Stress…). Eng Léisung: cibléiert Massage! Dës kann essentiell si fir schnell nees fit ze ginn an entspaant weider den Dag ze genéissen.

Réck – Schëlleren – Genéck – Kapp – Féiss – op d’Mooss

  • personaliséiert Massage vun 30-90 Minutten
  • muskulär Regeneratioun duerch Radiofrequenz-Massagen (INDIBA activ)

Féiss & Hänn

Rëss am Tallong, Neel déi aräissen, rau Féiss, en agewuessene Nol, dat kennt all Mann. Wien kuckt dono? Kommt reegelméisseg an d’Pedikür an et ass alles ëmmer tipptopp.

A wann Dir schonn do sidd, da kucken mir och no Ären Hänn.

  • Pedikür express bis intensiv
  • mat Foussbued
  • Manikür express
  • Package Hänn & Féiss

Épilation mat Wues

Ideal virun der Vakanz, awer och fir all Dag topp aus ze gesinn. D’Epilatioun mat Wues ass bis haut déi Method, déi am meeschte gefrot ass. Si ass schnell an effikass. Op Dauer loossen d’Hoer souguer no! D’Haut gëtt gutt fir bereet an duerno berouegt.

Frëscht a revitaliséiert Gefill.

  • personaliséiert Epilatiounen