Mir sinn houfreg Iech an eisem Institut ze ëmfänken a mat eisen Essentiel-Soins ze verwinnen!
Mir sinn houfreg Iech an eisem Institut ze ëmfänken a mat eisen Essentiel-Soins ze verwinnen!

"Fall in love with taking care of yourself -
mind, body, and soul"

Déi essentiell Fleeg fir Ärt Wuelbefannen.

Den Institut Essentiel ass 2005 vum Catherine Lecoq gegrënnt ginn. Hatt huet sech spezialiséiert op d’Fleeg fir de Kierper a d’Gesiicht. De Konzept vun Essentiel ass, Fleegebehandlungen unzebidden, déi gezielt no jidderengem sengen essentiellen an individuelle Bedürfnisser ginn.

D’Philosophie vun Institut Essentiel ass: “Eis Ziel ass Är Ziler ze erreechen. Zäit fir Iech ze hunn ass essentiell.”

Nëmme 15 Minutte mam Auto vum Lëtzebuerg-Kierchbierg aus ze fueren. Mir accueilléieren Iech an engem gemittlechen, modern a chic ageriichten Institut.

Är Haut gëtt behandelt mat Markeprodukter vun internationaler Renommée, ewéi YON-KA an ALEX COSMETIC. Béid Marke schaffen am Respekt vun der Natur, Haut an Ëmwelt.

Eise Bestseller fir Schéinheet a Relaxatioun  ass ouni Zweifel déi medezinesch Techologie INDIBA DEEP BEAUTY. Spezialiséiert an der Zellen-Regeneratioun an dem Bekämpfe vun Alterszeechen um Kierper an am Gesiicht duerch Radiofrequenztherapie.

  • Aktiounen: Anti-Cellulite – Entschlaken – Relaxatioun – Antiaging – Hormonell Regulatioun – Regeneratioun
  • Wéi: duerch manuell Massage
  • Resultat: strafft, reduzéiert Cellulite, glätt d’Haut a Konturfalen, reguléiert Hautfunktiounen, bessert d’Hautqualitéit, revitaliséiert

 

Essentiel versuergt Iech vu Kapp bis Fouss.

Eist Zil: Iech dat Essentiellst ze ginn!

 

Catherine Lecoq

Kosmetikerin

“Ech sinn zu Jonglënster grouss gin. Méng Eltren sinn aus der Belge komm an hun sech Enn vun de 70er Joren hei installéiert. Ech hun maïn Studium an éngem Staater Lycée Technique ofgeschloss an duerno sinn ech op Bréissel gereest, wou ech éng privat Schoul besicht hunn. 2004 wor ech dann diploméiert als Kosmetikerin an zeréck op Lëtzebuerg. Ech hun mech weider ausbilden geloos ier ech 2005 Essentiel gegrënd hun. Ech hun mech dunn ëmmer nees op Gesiicht- a Kierperpfleeg konzentreiert, waat eigentleg méng richteg Passioun ass.”

“Waat ech u mégem Beruf am meeschten passionnéiert, ass de Kontakt matt de Leit. Sie sin éng Inspiratioun fir mech an ech versichen an méngen Behandlungen dat eremzegin waat ech iwwer méng Gefiller spieren.”

Schéinheet bedeit fir mech: “Schéinheet kennt keen Alter an huet kee Gesiicht. Si expriméiert sech duerch dat wat mir maachen a wie mir sinn.”

  • Gesiicht a Kierper Traitementer
  • Massagen

Sproochen: LU – FR – DE – ENG

Essentiel Fleeg

"Catherine est très accueillante, sympathique et de bon conseil. C’est un vrai plaisir et un vrai moment de détente et de bien-être."

Marie

"Très satisfait. Merci beaucoup pour ce moment de bien-être."

Philippe

"Merci. Meng Haut as wei vun engem Bebé. Alles ok"

Marylene

"A répéter dans un mois :-)"

Martine

"Merci pour ce soin efficace et relaxant"

Didier

Kontaktéiert eis

12, rue de la Gare
L-6117 Jonglënster

    obligatoresch Felder*
    Dir fannt méi Informatiounen an der Dateschutzerklärung.