Mir sinn houfreg Iech an eisem Institut ze ëmfänken a mat eisen Essentiel-Soins ze verwinnen!
Mir sinn houfreg Iech an eisem Institut ze ëmfänken a mat eisen Essentiel-Soins ze verwinnen!

Les soins essentiels qui font du bien.

Eng laangjäreg Geschicht...

Den Institut Essentiel ass 2005 vum Catherine Lecoq gegrënnt ginn. Als jonk Esthéticienne huet hatt huet sech schnell spezialiséiert op d’Fleegen fir de Kierper a d’Gesiicht. De Konzept vun Essentiel ass, Fleegebehandlungen unzebidden, déi gezielt no jidderengem sengen essentiellen an individuelle Bedürfnisser ginn.

D’Philosophie vun Institut Essentiel ass: “Eis Ziel ass Är Ziler ze erreechen. Zäit fir Iech ze hunn ass essentiell.”

Nëmme 15 Minutte mam Auto vum Lëtzebuerg-Kierchbierg aus ze fueren, accueilléiert Essentiel Iech an engem gemittlechen, modern a chic ageriichten Institut.

Eise Bestseller fir Schéinheet a Relaxatioun  ass ouni Zweiwel déi medezinesch Techologie INDIBA® DEEP BEAUTY. Spezialiséiert an der Zellen-Regeneratioun an dem Bekämpfe vun Alterszeechen um Kierper an am Gesiicht duerch Radiofrequenztherapie.

  • Aktiounen bei Kierpermassagen Anti-Cellulite – Entschlaken – Relaxatioun –  Straffen – Reduktion vum Kierperfett – Post Partum –
  • Aktiounen bei Gesiichtsmassagen Antiaging – Reduktion vu Faalen – Starffung – Regeneratioun – Hydratatioun –  Ausgleich bei unreng a dreschen Haut – Alterspräventioun –
  • Aktioun bei Kapphautgehandlung – Stimuleiert den Hoerwuestum – Stärkung vun den Hoerwuerzelen- Regeneratioun – Volumen –
  • Wéi: duerch manuell Massage
  • Resultat: no där éischter seance kennt dir spieren a gesin wéi INDIBA® wierkt!

D’INDIBA® Technologie gëtt mat zielgereschte Produkter associéiert fir besser Resultater am Beräich Antiaging,  Präventioun a Gesondheet vun der Haut ze erreechen.

D’Produkter vun der Marque ALEX COSMETIC bidden Iech eng Léisung bei är Hautproblemer.

Eist Zil: Iech dat Essentiellst ze ginn!