Mir sinn houfreg Iech an eisem Institut ze ëmfänken a mat eisen Essentiel-Soins ze verwinnen!
Mir sinn houfreg Iech an eisem Institut ze ëmfänken a mat eisen Essentiel-Soins ze verwinnen!

Gesiicht

Et geet ëm dat wat fir Iech essentiell ass. Schéi fillt ee sech wann et dem Kierper an der Haut gutt geet.
Déi essentiell Fleeg ass déi, déi bei Iech passt an op Är Bedierfnisser äntwert. Dir kënnt op eis Erfarung an op eis héichwäerteg Produkter zielen.
Eist Ziel ass et är Zieler ze erreechen!

Personaliséiert Fleege vun 30 bis 75 Minutte wou Epilatioune vum Gesiicht  mat abegraff sinn!

Eis essentielle Fleege fir:

  • Akne, Onrengheeten
  • Relaxatioun
  • Anti-aging
  • Reaktiv, sensibel Haut
  • Pigmentflecken

Anti-aging

INDIBA Deep Beauty ass eng Revolutioun am Traitement géint Altere vun eiser Haut. Zënter méi wéi 30 Joer beweist sech dës Method als déi medezinesch am effikasste weltwäit! Duerch d’Radiofrequenz ginn eis Zelle stimuléiert a kënne sech erneieren. Duerch de Collagen an Elastine ginn d’Zelle gepuscht, sou datt schonn no enger éischter Behandlung eis Haut wesentlech méi jonk a fit ass!

Des Technik applizéiert sech als Massage an d’Hëtz déi dobai entsteet gëtt bréngt déif Entspanung!

https://www.indiba.com

Massage mat INDIBA vu 30 bis 75 Minutte géint all Alterszeechen

  • Expressiouns- an Altersfaalen
  • Straffen
  • Pochen an Reefer ronderëm d’Aen
  • Dueble Kenn
  • Hormonell a funktionellen Desequiliber

Korrektiv Peeling

Eis Haut veränert sech eis d’ganz Liewen lang an dat hannerléist Spueren! Dëss Spueren sinn manchmol schwéier ze adroen. fir dëss Verännerung réckgängeg ze machen propseiren mir iech eise Beauty Peel oder Corrective Peel. Ee Kräuterpeeling aus 100% natiirleschen Aktivstoffer deen eis Haut déiw regenereirt.

Dëse Peeling get matt gezielte Produkter duerchgefouert fir déi Hautimperfektiounen ze behandlen, déi iech am meeschten stéiren.

https://www.herbs2peel.de

Beauty Peel korrigéiert an regenereiert ear Haut progressiv an enger Kur vu 4 Fleegen vu 60 Minutte.

Corrective Peel korrigéiert intensiv an léisst ënnerhalb vu 1 Soin an nëmmen 5 Deeg ear Haut nei opbléien! Eng Radikal Verännerung.

  • Faalen
  • Aknee
  • Pigmentflécken
  • Sichtbar an wäit Poren
  • Narwen an Akee-Flécken

Kierper

Kierpermassage fir géint Cellulit ze kämpfen déi gläichzäiteg Entspanung an Effikassitéit verspriechen?
Dës ass mat der revolutionärer Technologie INDIBA Deep Beauty méiglech! Duerch Radiofrequenz ginn d’Kierperzelle bis zur déifster Hautschicht erreecht. Gezielt a sécher kënnen esou är Problemzone behandelt ginn.

No der éischter Massage spiert de Kierper sech déif entspaant un. A schonn no 2-3 Massagen erkennt een déi éischt Ergebnisser.

No 6 Massagen ass d’Resultat an d’Ännerung däitlech sichtbar a progresséiert virun.

https://www.indiba.com

Personaliséiert Massage mat INDIBA vu 45 bis 150 Minutten. Gezielt oder global, de Kierper ka komplett an enger Massage behandelt ginn!

  • Cellulit, all Aart
  • Fettpolsteren
  • Straffung
  • Bauch no Schwangerschaft
  • Ärem, Broscht
  • Schlecht Duerchbluddung
  • Relaxatioun a Wuelbefannen

Massagen

Entspanung, Ausgläich, Harmonie, Lassloossen, ënnerlech Rou, Erliichterung… sou definéiere mir eng essentiell Massage! Och hei gëtt  no äre Bedierfnisser gekuckt.

Réck – Schëlleren – Genéck – Kapp – Gesiicht – Been – Féiss – ganze Kierper

  • Massage essentiel vun 30 bis 90 Minutten
  • Package mat Gesiichtsfleeg & Kierpermassage

Alles ronderëm d'Aen

Aperhoer epiléieren? Kloer! Wisou net och Äre Bléck intensivéieren a verschéineren?
Aperhoer a Wimpere fierwe gëtt méi Intensitéit a léisst Äre Bléck méi jonk ausgesinn.
Ee Lifting vun de Wimperen? De Rehaussement ass dat richtegt.

Hält wochelaang a wierkt natierlech!

  • Fleeg fir d’Akonturen
  • Wimperen & Aperhoer fierwen
  • Epilatioun
  • Rehaussement vu de Wimperen

Féiss, Hänn & Neel

Gefleegten Hänn a Féiss ass essentiell fir sech total wuel ze fillen. Schéi gefleegten & gefierften Neel oder einfach natierlech loossen, ass gutt fir d’Laun!

Maacht Iech eng Freed, Dir braucht keng Excuse!

  • Manikür
  • Pedikür (net médicale)
  • Foussbued
  • Fleeg bei Houf
  • Semi-permanente Lack
  • Gel-Neel

Epilatioun mat Wues

Mir wëssen datt et net gutt deet, an awer fillt et sech duerno esou schéin un!
D’Epilatioun mat Wues garantéiert Iech no a no manner Hoer a stimuléiert souguer d’Hauterneierung!

Schnell an effikass!

  • Personaliséiert Epilatioun fir de ganze Kierper mat Wues

"Catherine est très accueillante, sympathique et de bon conseil. C’est un vrai plaisir et un vrai moment de détente et de bien-être."

Marie

"Très satisfait. Merci beaucoup pour ce moment de bien-être."

Philippe

"Merci. Meng Haut as wei vun engem Bebé. Alles ok"

Marylene

"A répéter dans un mois :-)"

Martine

"Merci pour ce soin efficace et relaxant"

Didier

Découvrez nos autres soins essentiels

Kontaktéiert eis

12, rue de la Gare
L-6117 Jonglënster

    obligatoresch Felder*
    Dir fannt méi Informatiounen an der Dateschutzerklärung.